Passer au contenu principal

Home Certifications

Certifications


Qualiteitslabel SuperDrecksKëscht



De REWA krut den Diplom fir en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen.

Diplom fir en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen an eng gutt organiséiert Offalltrennung



Säit 10 Joer engagéiert sech de CIPA REWA elo schonn fir en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen an eng gutt organiséiert Offalltrennung. Dofir krut de CIPA REWA och dësen Diplom ausgestallt.

Depuis 10 ans le CIPA REWA s’active dans la gestion des ressources durable et du tri des déchets. C’est pour cela que le CIPA REWA a obtenu ce diplôme.

Iso 9001:2015



Certificat LLUCS



Déi richteg Hygiène garantéieren ass e wichtege Punkt fir d‘Direktioun vum CIPA REWA. Dofir ginn reegelméisseg Kontrollen vum externe Laboratoire LLUCS gemaach.

Garantir une hygiène correcte est un point important pour la direction du CIPA REWA. Dans ce cadre, le laboratoire LLUCS réalise régulièrement des audits de contrôle.

Label Humanitude



Den 8. November 2022 war eng Delegatioun vum CIPA Résidence Op der Waassertrap zesummen mam Ressortschäffen M. Steve Gierenz zu Paräis fir d’Iwwereechung vum Label Humanitude. De CIPA REWA huet als éischt internationaalt Haus dëse franséische Label de bientraitance kritt. Dëse Label steet dofir, datt de CIPA REWA probéiert senge Bewunner, egal wéi schwaach si sinn, déi bescht méiglechst Liewensqualitéit ze bidden.

Hei fannt dir de Label Humanitude, eng Foto vun der Zeremonie, esou wéi en Artikel iwwert de Label, deen am Kuerz a Knapp vun der Suessemer Gemeng ewéi am MyWort publizéiert gouf.

Pacte national "Entreprise et Droits de l'homme"



De 6. Juli 2022, huet den Här Willet am Numm vum CIPA REWA de Pacte national “Entreprise et Droits de l’Homme” an der Präsens vum Här Minister Jean Asselborn ënnerschriwwen. Mat dëser Ënnerschrëft engagéiert de CIPA REWA sech fir d’Mënscherechter vun de Vereenegten Natiounen ze respektéieren, seng Mataarbechter ze sensibiliséieren an ze forméieren, esou wéi Aktiounen a Plaz ze setze fir Mënscherechtsverletzungen ze vermeiden.

Diplom fir en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen



De CIPA kritt dësen Diplom fir en nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen.

Palliativ Geriatrie- Certificat Iwwerreechung



Vun Dezember 2018 bis Februar 2020, huet eise CIPA bei der Projektwerkstatt Palliative Geriatrie vun Omega90 deelgeholl.

Zesumme mat 7 aneren Haiser aus dem Fleege- an Handicapberäich, hu mir iwwert déi jeeweileg Palliativkulturen diskutéiert an Aktiounen a Plaz gesat fir dës ze verbesseren.

Den 8. Juni 2021, huet eise CIPA dunn d’Plackett „Palliativ Geriatrie“ vun der Madame Ministesch Corinne Cahen iwwerreecht kritt.

LABEL ESR- ENTREPRISSE RESPONSABLE



De 5. Juni 2021 huet de CIPA REWA säi Label ESR (Entreprise socialement responsable) fir déi nächst 3 Joer konnte verlängeren.

Dësen Zertifikat steet dofir, datt de CIPA en ëmweltfrëndlecht, soziaalt, gesellschaftlecht an ethescht engagéiert Haus ass.

Nieft dësem Lëtzebuerger Label, krut de CIPA och deen neien europäesche Label “Responsability Europe”.
Suivante Dernière