Zum Haaptinhalt sprangen

Restaurant Restaurant Kaschthaus

D‘Résidence op der Waassertrap“ verwinnt hir Gäscht aus der REWA, der hir Familljen awer och Leit vun auswäerts mat engem exzellente Restaurant, dee moies, mëttes an owes eng Auswiel u frëschen a gesonde Platen zerwéiert, déi an der eegener Kiche vu professionelle Käch preparéiert ginn. Mir leeën ausserdeem grousse Wäert op eng ausgeglachen an ofwiesslungsräich Kichen, déi op déi ënnerschiddlech Bedierfnesser vun de Bewunner·innen ofgestëmmt ass. Fir besonnesch Occasioune wéi Gebuertsdeeg oder aner Feierlechkeete gëtt et ausserdeem d'Méiglechkeet Familljefester am Restaurant ze organiséieren, wou de Menü Äre perséinleche Wënsch ugepasst gëtt. 


De Restaurant ass zäitgenëssesch ageriicht a bitt vill natierlech Luucht an enger oppener a frëndlecher Ambiance. An de waarme Méint vum Joer kënnen d’Gäscht vum „Kaschthaus“ hir Molzechten och op der Terrass genéissen, vu wou aus si eng wonnerschéi Vue op den hauseegene Park an déi beandrockend an idyllesch Bieleser Naturlandschaft hunn. All Joer fënnt hei och ee gesellegt Summerfest fir d’Bewunner·innen an hir Famillje statt.

Op Wonsch kënnen d’Bewunner·innen hir Platen och op hirem Zëmmer zerwéiert kréien, wa si e bësse Privatsphär wëllen.

 

Hei fannt dir puer Fotoen vun eisen Restaurant:

Fotoe vum Früstück
Fotoe vum Mëttegiessen

Hei klickefir de Menü vum Restaurant ze kucken ou fir en Dësch ze reservéieren.

Dir kënnt de Menü vun der Woch eroflueden ënnert Home - Neiegkeeten..