Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Sozialen & therapeuteschen Déngscht

Service Social: Verbannen an Begleeden

Eise Sozialen Déngscht representéiert ee Grondsteen an der Résidence Op der Waassertrap. Geleet gëtt dëse Service vun enger Responsabel vum Service Social et Educatif, déi nieft hirer Aktivitiéit, an enker Zesummenaarbecht mat der Direktioun, der Fleeg- an der Animatiounsekipp schafft. 

Dës Responsabel spillt eng immens wichteg Roll als éischt Kontaktpersoun fir zukünfteg Bewunner·innen an hir Familljen. Si initiéiert de Prozess, andeems se all déi Pesounen doheem beischt, déi doriwwer nodenken, d'Residenz zu hirem zukünftegen doheem ze maachen. Si erstellt eng Krankegeschicht a beäntwert all d'Froe vun der Persoun selwer a vun hirer Famill. Dës personaliséiert Approche soll d'Entrée an d'Résidence Op der Waassertrap sou einfach wéi méiglech gestalten. 

An der REWA ginn hir Aufgabe awer nach wäit iwwert dëst éischt Treffen eraus. Si ënnerstëtzt Bewunner·innen an all hiren administrative Prozeduren a beäntwert all hi gesellschaftlech a sozial Froen, fir si ze guidéieren an z'ënnerstrëtzen. Mat enger holistescher Approche beméie mir eis, fir eise Bewunner·inne souwuel ee kierperlecht wéi och soziaalt Wuelbefannen ze garantéieren.