Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Eis Infrastrukturen

An engem moderne Gebai mat grousse Fënsteren, déi de Banneraum mat vill natierlecher Luucht fëllen, hu mir een oppenen, gemittlechen a selbstverständlech senior·innen- a behënnertegerechte Raum geschaf, deen immens villfälteg notzbar ass. Een Aktivitéits- a Gemeinschaftsraum, ee Bastelzëmmer, eng Bibliothéik souwéi een idyllesche, begréngte Bausseberäich bidden zu all Dageszäit ofwiesslungsräich Beschäftegungsméiglechkeeten.


Iwwerall am Haus goufe Sëtzméiglechkeeten an -ecken ageriicht, déi dozou alueden, interessant Gespréicher mat Gläichgesënnten ze féieren, nei Kontakter a vläicht souguer Frëndschaften ze schléissen. 


Donieft huet all Bewunner·in säi·hiert privat Räich, an deem hie·si fräi ass, ze maachen, wat hie·si sech wënscht. Esou bidde mir eng perfekt Balance tëschent Gesellegkeet an der noutwendeger Privatsphär.

 

Eng separat Demenzstatioun bitt Mënsche mat ageschränkte kognitive Fäegkeeten ee séchert an angeneemt Doheem mat spezieller an ugepasster Betreiung. 


D’Résidence op der Waassertrap weess ausserdeem mat senger exzellenter Lag ze iwwerzeegen. Engersäits ass si vun de pittoreske Bieleser Naturlandschaften ëmginn, déi wonnerschéi Vuen an Trëppelweeër bereethalen. Op där anerer Säit bidden de Quartier Belval an déi gréisste Südstad, Esch-Uelzecht, déi nëmmen e puer Minutte vun der REWA ewech leien, vill ofwiesslungsräich Akafsméiglechkeeten.