Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Animatioun

Eent ass sécher: An der „Résidence op der Waassertrap“ huet een ëmmer eppes ze dinn. Egal ob ee léiwer eleng oder a Gesellschaft ass, ob ee sech gär kierperlech betätegt oder sech léiwer mental fit hale wëll, et ass fir jiddereen dat Richtegt dobäi. Eist motivéiert Ekipp vun Animateuren·ricen a Fleeger·innen suergt Dag fir Dag vu moies bis owes dofir, datt keng Langweil opkënnt an datt jiddweree genau déi Beschäftegung fënnt, op déi ee grad Loscht huet.

Niewent reegelméissegen Aktivitéiten an der REWA organiséiert d‘Animatiounsteam geselleg Ausflich innerhalb mee och ausserhalb vu Lëtzebuerg. Dobäi ass d’Sécherheet an d’Wuel vun de Senior·inne selbstverständlech zu all Moment garantéiert.

D’Bewunner·inne vun der REWA sinn ausserdeem gebieden, sech an d’Organisatioun vun den Aktivitéiten anzebannen. Jiddwereen, deen eng Iddi oder ee besonnesche Wonsch huet, kann dat der Ekipp vun der Animatioun matdeelen, déi dann alles dorunner leet, dës am Kader vum Méiglechen ëmzesetzen.

 

hei fannt dir:
Eis verschidden Aktivitéiten