Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Eist Vakanzenzëmmer

D’Vakanzenzëmmer ass fir zäitlech begrenzten Openthalter vu Mënschen iwwer 65 Joer geduecht. Wann Är Famill z. B. an d’Vakanz fiert an Dir net eleng doheem bleiwe wëllt oder wann Dir Iech ganz einfach ee Bild vum Liewen an der „Résidence op der Waassertrap“ maache wëllt, well Dir doriwwer nodenkt, fest heihinner wunnen ze kommen, da reservéiert Iech ganz einfach d’Vakanzenzëmmer fir e puer Deeg oder e puer Wochen a loosst Iech vun eisem Service iwwerzeegen. Mir freeën eis op Äre Besuch!

D’Vakanzenzëmmer ass 40m2 grouss, komplett miwweléiert a mat follgenden Ariichtungen ausgestatt:

 

  • Eng Buedzëmmer mat Toilette
  • Eng Dusch an ee Lavabo
  • Ee Bett
  • Ee Schaf
  • Abauschief fir méi Stauraum
  • Een Nuetsdësch mat integréiertem Frigo
  • Eng Televisioun
  • Een Telefon