Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Betreiung a Fleeg

Fleeg heescht fir eis op enger respekt- a vertrauensvoller Basis d’Wuelbefannen an den Alldag vun all eenzel·ne Bewunner·in op eng niveauvoll Aart a Weis ze beräicheren an ze verschéineren.

An dësem Sënn steet eist ausgebilt Personal mat vill Erfarung a Feigefill 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 an alle landestypesche Sproochen am Déngscht vun de Senior·innen. Ee kompetent Team aus professionellen Infirmieren·èren, Aide-Infirmieren·èren a Seniorefleeger·innen, Aide-Soignant an annert Personal ass op all Fleegesituatioun a -grad agestallt a bitt zu all Moment eng individuell un déi jeeweileg Bedierfnesser ugepasste Fleeg a Betreiung.

Dir kënnt Iech also zu 100 Prozent op eis Ënnerstëtzung verloossen!

Selbstverständlech ginn déi individuell Perséinlechkeet an déi ganz eege Liewensgeschicht vun all Bewunner·in gewäertschätzt an an eis verschidde Methoden an Therapien integréiert.

Donieft schaffe mir enk mat den Apdikten, Dokteren, Pedikür-Cabineten esouwéi anner Prestatairen an der Gemeng zesummen, déi reegelméissig Visitten an der REWA maachen.


Klickt hei an entdeckt eise 
Sënnesraum.

Klickt hei an entdeckt eis

Sophrologie.

Klickt hei an enteckt hei eis Palliativ-Kultur
Palliativfleeg.

Fir Informatiounen zu eisem soziale Begleethond "Mozart", klickt hei:
"Mozart"